Veranstaltungen
Mir plangen 2024 erëm eng Clubvakanz, des Kéier bleiwen mir an Europa an wellen op enger vun den flottsten Platzen am Mettelmier tauchen. Mir foaren op Gozo / Malta.
Den Detail + Umellungsformulaire fannt dir hei: https://www.sacw.org/tauchvakanzen-stages-en-mer/2024-clubsvakanz-gozo/
Weini: 07.09 – 14.09.2024
Tauchbasis – fir Fläschenfëllung + Support
Iwwernuechtung / Kaffi: ca 350- 400 € am Duebelzemmer
Tauchpakage, 5 Deeg 2-3 TG/Dag, ab P2 bei eegenem Encadrement. ca 100 Euro
(OWD/P1 Taucher kennen eis begleeden, mussen awer no maltesichem Reglement een Guide buchen, ca 40€/TG. also ca 450 Euro zousäzlich un Frais fir eng Woch)
Fluch: Lux – Valette circa 490 Euro (Luxair)
Locatioun Auto ca: 100 €
Transfert: 25 € AR
Total cira. 900 – 1100 Euro
Hei fannt der den Link zur Maltesicher Tauchreglementation: LINK
Infos zum Bezuelen:
Mir hun aktuell emol eng Reservation fir 16 Taucher. No der Umellung ass bis speitstens den 01.11.2023 een Acompte ze iwwerweisen vun 500 €. (fir den Fluchticket) Soubaal mir weider Acompten mussen bezuelen (Haus, Tauchbasis), kritt dir vun eis ee Mail mat allen Informatiounen, een groussen Deel ass erreicht sur Place ze regelen. (Tauchmaterial, Transfert Fluchhafen – Basis, Locatioun Auto, Fähr, Tauchgäng, etc…)
Wei leeft d’Reess of?
Fluch, AR LUX-VALETTA, 8kg Handgepäck, 23kg normal Gepäck (Tauchgepäck ass supplément)
Iwwernuechtung: An engem Appartement / Farmhouse. Vu dass mer mat den Locatiounsautoen flexibel sinn, sichen mer eis eppes flottes je no Gruppengreiss. (soubaal dei eischt 7 Leit ugemellt sin buchen ech een Appartement zB https://www.gozovillage.com/properties/villagg-tal-fanal-3-bedroom-maisonette/ )
Oflaf: 07.09 Fluch op Malta, dann Trajet mam Bus/Fähr op Gozo. Retour den 14.09 am Bus/Fähr, 7 Iwwernuechtungen mat Kaffi an engem Appartement / Landhaus. (Owesiessen get sur place organiseiert, entweder Self-catering oder Restaurant)
Mir roden jidderengem un 2 Assurance ofzeschleissen:
- Taucherversecherung zb DAN
- Assurance Annulation / Reesversecherung